Ass de Besoin un Psychotherapeuten an der Kris méi grouss ginn a wéini gëtt de Remboursement Realitéit ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir sozial Sécherheet weider ze leeden.

Am Joer 2015 huet d‘Chamber d’Gesetz gestëmmt dat de Beruff vum Psychotherapeut zu Lëtzebuerg unerkennt a reegelt. Am selwechte Gesetzestext ass virgesinn datt Psychotherapie-Akten an der Nomenclature ageschriwwe ginn an domat vun der CNS rembourséiert ginn.

Am Januar 2018 hat d’«Fédération des associations resprésentant des psychothérapeutes au Grand-Duché de Luxembourg » (FAPSYLUX) Gespréicher mat der CNS ugefaange fir eng Konventioun iwwer d’Modalitéite vum Remboursement auszehandelen. No 6 Méint konnt keen Accord fonnt ginn an och an der Mediatioun ass een sech net eens ginn, esou datt d’Gespréicher ofgebrach goufen.

Den 29. November 2019 huet de Sozialminister dem Staatsrot e groussherzoglecht Reglement fir Avis zoukomme gelooss an dem hien déi Punkten déi eigentlech duerch Konventioun sollte festgehale ginn, reegele wollt. An hirem rezenten Avis huet déi héich Kierperschaft dësen Text vum Minister allerdéngs als contraire zur Verfassung zréckgewisen. Ënner anerem gesäit den Text vum Gesetz nämlech fir datt d’Psychotherapeuten hire Beruff kënnen autonom an ouni Aschränkungen ausüben. Am proposéierte groussherzogleche Reglement wëll de Minister awer virschreiwen datt de Patient eng Psychotherapie vun engem Dokter muss verschriwwe kréien an och e Behandlungsplang vun der CNS muss geneemegt ginn.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d‘Regierung stellen:

Wat gedenkt de Minister elo ze ënnerhuele fir datt de Remboursement vu Psychotherapien zäitno Realitéit gëtt?
Deelt de Minister d’Feststellung datt duerch déi aktuell Pandemie de Besoin fir e Remboursement vu Psychotherapië méi grouss ginn ass, well vill Leit ënnert der aktueller Situatioun psychesch leiden? Wa jo, wéi gedenkt de Minister dëse Leit séier an efficass hëllefen?
Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen                                              Françoise Hetto-Gaasch

Deputéiert                                                         Deputéiert

Zréck