Ass d‘CNS gewëllt, de Büro zu Ettelbréck nees a Betrib ze huelen?

Zënter den Iwwerschwemmungen vum Juli 2021 ass de Büro vun der CNS zu Ettelbréck zou. Déi nei renovéiert Raimlechkeeten waren Affer vum Héichwaasser. Zënter hir sinn keng Aarbechten un de Raimlechkeeten gemaach ginn an de Client muss op d’Agence op Dikrech auswäichen. Well awer all aner Geschäfter, déi och vun den Iwwerschwemmungen betraff waren, no e puer Wochen respektiv Méint Renovatioun rëm opgemaach hunn, wëll ech gär folgend Froen un den Här Minister fir Soziales stellen:

 

  • Bei der Aweiung zu Ettelbréck huet den deemolegen Minister d’Wichtegkeet vun dësem Büro fir d‘Salariën ënnerstrach. Ass de Minister weiderhin der Meenung, dass dëse Büro wichteg ass?
  • Ass d‘CNS gewëllt, de Büro zu Ettelbréck nees a Betrib ze huelen?
    • Wa jo, wéini?
  • Ginn bei der Instandsetzung och déi ugeduechten Héichwaasserprotektiounen mat gebaut, déi bei der éischter Renovatioun net installéiert goufen?
  • Fir de Fall wou d‘CNS de Standuert Ettelbréck well opginn, wéi eng Notzung kréien dann déi aktuell Raimlechkeeten zu Ettelbréck, déi an der Proprietéit vun der CNS sinn?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Jean-Paul Schaaf

Deputéierten

Zréck