Här President,
Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwert d’Applikatioun vum « Logement à coût modéré » am Kader vum « Pacte Logement » un den Här Logementsminister an un Madamm Inneminister weiderzeginn.
Laut mengen Informatiounen sinn am Kader vum « Pacte Logement » an de Joren 2008 – 2017 anscheinend eng 88 Konventiounen bei der Erstellung vun engem PAP tëscht deene jeeweilege Gemengen a Baupromoteuren a Bezuch op déi 10% « Logement à coût modéré » esou wéi den Artikel 29 aus dem Gesetz et virgesäit erstallt ginn.
An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Logementsminister an un Madamm Inneminister riichten.
- Zu wat fir engem Präis goufen an dëse Konventiounen déi 10% un abordabele Wunnengen par Rapport zum « prix moyen annoncé » vum Observatoire de l’Habitat vum Liser erstallt?
- Kann den zoustännege Minister versécheren datt déi an där jeeweileger Konventioun fixéiert Präisser och esou applizéiert gi sinn?
- Kann den zoustännege Minister versécheren datt keng Konventioun approuvéiert ginn ass mat enger Klausel wou op eng eventuell Präishausse an de kommende Joer spekuléiert gëtt, an doduerch nach e Benefice op abordabele Wunnengen realiséiert kéint ginn?
- Wier et méiglech eng Oplëschtung mat allen Konventiounen an der diesbezüglecher Applikatioun vu Präisser ze kréien?
- Wéi vill vun dëse abordabele Wunnengen sinn an de Besëtz vun enger Gemeng oder engem Promoteur public gaangen?
- Sinn dës Wunnengen iwwert d’Applikatioun vum « bail emphytéotique » verkaf ginn?
- Wa jo, op wat fir eng Dauer ass de Bail fixéiert ginn, a wat ass d’Period vum Virkafsrecht?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.
Marc Lies
Deputéierten
Zréck