Am Joer 2016 eng Etüd vum Ëmweltministère an Optrag gi fir potenziell Standuerter ze fanne wou de Bauschutt kann deponéiert ginn. Firwat sinn d’Resultater aus der Etüd net ëffentlech gemaach ginn?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu Bauschuttdeponien un d’Madamm Ëmweltministesch weider ze leeden.

Laut dem Artikel vum Reporter „Wo neue Bauschuttdeponien entstehen können“ vum 6.12.2022 gouf am Joer 2016 eng Etüd vum Ëmweltministère an Optrag gi fir potenziell Standuerter ze fanne wou de Bauschutt kann deponéiert ginn. D’Resultater vun dëser Etüd goufen awer bis elo net publizéiert.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d‘Ministere stellen:

  • Kann d’Ministesch bestätegen, dass esou eng Etüd 2016 an Optrag an och fäerdeg gestallt ginn ass?
  • Wa jo, no wéi enge Critèrë sinn déi potentiell Standuerter ausgewielt ginn?
  • Wat ass an der Tëschenzäit mat der Etüd geschitt?
  • Firwat sinn d’Resultater aus der Etüd net ëffentlech gemaach ginn?
  • Wat war de Käschtepunkt vun der Etüd?

 

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéierten

Zréck