Acquisitioun vum fréiere Sëtz vun der ARBED

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwer de Kaf vum fréiere Sëtz vun der ARBED duerch Spuerkeess un den Här Staatsminister, weiderzeginn.

An der Froestonn un Regierung vum 19. November 2014 hunn ech dem Här Staatsminister eng Fro gestallt iwwert d’Acquisitioun vum fréiere Sëtz vun der ARBED duerch Banque et Caisse d’Epargne de l’Etat. An senger Äntwert ass den Här Staatsminister leider net, respektiv net am Detail op meng Froen agaang sou dass ech mir erlabe folgend Froen nach eng Kéier un den Här Staatsminister ze riichten :

  • Fir wat fir eng Zwecker wäert d’Spuerkeess dëst Gebai an Zukunft notzen ?
  • Huet de Staat bei dëser Transaktioun intervenéiert oder gouf esouguer Drock vum Staat op d’Spuerkeess gemaach fir dëst Gebai ze kafen ?
  • Wa jo, well dës Transaktioun awer e bedeitende finanziellen Impakt huet, gëtt doduerch den Deel vum Gewënn dee vun der Spuerkeess un de Staat ausbezuelt gëtt gekierzt? Wann dat de Fall sollt sinn, wieren dës Suen awer net besser an d’ Zukunftskeess abezuelt ?
  • Ginn zousätzlech Gespréicher mat Arcelor/Mittal gefouert wat den neie Siège ugeet ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Marc Lies

Deputéierten

Zréck