A wéi enger Phas ass de Projet fir en neit ECG-Gebai?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Ëffentlech Aarbechten an un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.

Beim „Débat d’orientation sur le financement des grands projets d’infrastructure réalisés par l’État“ den 30. November 2021 an der Chamber sot deemools d’Rapportrice:

„Beim zéngte Projet geet et ëm den ECG, dee sech jo och um Campus Geesseknäppche befënnt a wou d’Lokalitéiten net méi dem aktuelle Besoin vum Lycée entspriechen. Den ECG huet nei Missiounen a weider Formatioune ginn hei offréiert, wéi zum Beispill e Bachelor an der Kontabilitéit a Fiskalitéit. Den Ament huet de Lycée eng Capacitéit vu 508 Schüler a Schülerinnen, mee e brauch an Zukunft genuch Plaz, fir 1.192 Schülerinnen a Schüler plus zousätzlecht Personal ze accueilléieren. Duerfir gesäit dëse Projet vir, dem ECG um Kierchbierg – um Site vum alen IST – en neit Doheem ze schafen, esou datt den ECG an d’Uni um nämmlechte Site implantéiert wären.“

Mengen Informatiounen no ass de „Programme de construction“ vun der „Commission d’analyse critique“ fir dat neit ECG-Gebai um Kierchbierg scho fäerdeg, mee den erausgesichten Terrain gëtt aktuell nach ëmmer vun der Uni Lëtzebuerg genotzt.

An deem Kontext wéilt ech folgenden Froen un den Här Minister fir Ëffentlech Aarbechten an un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend riichten:

  • A wéi enger Phas ass de Projet fir en neit ECG-Gebai?
  • Wéi gesäit den Zäitplang fir de Bau vum neien ECG-Gebai aus?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Co-Fraktiounspresidentin

Zréck