A wéi engem Mooss ass den Här Minister der Meenung, dass de Camionstrafic prioritär iwwer den Autobunnsreseau soll verlafen an d’Wunngebidder idealerweis soll komplett ëmfueren?

Här President,

Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Mobilitéitsminister weiderzeleeden.

Mengen Informatiounen no gëtt et ëmmer méi Camionen, déi vum „CFL Hub Multimodal“ an der „Zone d’activité économique Wolser“ zu Beetebuerg aus net méi den direkte Wee iwwer d’Autobunn A3 a Richtung Flughafe Findel oder Logistikzentrum Contern huelen, mee amplaz dovun iwwer d’Nationalstrooss N3 an uschléissend vun Hesper respektiv Alzeng aus  iwwer de Chemin repris CR 226 a Richtung Contern oder Findel fueren. An deem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Mobilitéitsminister stellen:

  • Huet den Här Mobilitéitsminister Kenntnis vun dëser Entwécklung beim Camionstrafic op deem ugeschwaten Tracé?
  • A wéi engem Mooss ass den Här Minister der Meenung, dass de Camionstrafic prioritär iwwer den Autobunnsreseau soll verlafen an d’Wunngebidder idealerweis soll komplett ëmfueren?
  • Wéi eng Consignen wëllt den Här Mobilitéitsminister am „CFL Hub Multimodal“ erausginn, fir dass d’Camionneuren verstäerkt sensibiliséiert ginn, fir hiren Trajet sou wäit wéi méiglech iwwer d’Autobunn verlafen ze loossen?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Marc Lies

Deputéierten

Zréck