Wéi gëtt d’Evaluatioun nom Verbued vun der Fuussejuegd gemeet ?

Här President, 
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech dës parlamentaresch Fro un den Här Staatssekretär fir Nohalteg Entwécklung an Ëmwelt weiderzeginn.
Laut dem règlement grand-ducal du 9 mars 2015 concernant l’ouverture de la chasse pour les années cynégétiques 2015/16 ass Juegd op de Fuuss ganz Joer zou, dat heescht et ass verbueden de Fuuss ze joen. Laut Aussoen vum Här Staatssekretär giff sech duerch des Mesure Fuussepopulatioun ob engem déiwen Niveau stabiliséieren.
An dësem Kontext erlabe mir eis folgend Froen un den Här Staatssekretär fir Nohalteg Entwécklung an Ëmwelt ze riichten :
Gett no dësem Joer wou Juegd op de Fuuss zou ass eng Evaluatioun gemaach fir ze gesinn ob den Bestand sech op engen niddrigem Niveau stabiliséiert hot?
Wann jo – Wéi eng Critère ginn analyséiert fir des wëssenschaftlich Etude kennen ze machen an fir kenne logesch Konklusiounen ob déi nächst Juegdsaison’en ze zéien?
Déi aktuell Zuelen iwwer de Fuuss baséieren sech ob d’ Ofschosszuelen.
Ass et méiglech aus den Ofschosszuelen eng detailléiert Populatiouns-Verännerung eraus ze liesen oder ginn des Zuelen (zemools beim Fuuss) nach vun aneren Facteuren influencéiert ?
Wann jo – durch wéi eng Facteuren ?
Matt wéi engen Date sollen des Zuele verglach gi fir eng wëssenschaftlech Analyse kennen ze maachen? 
De Naturschutzbund Deutschland huet an enger Publikatioun vun 2013 geschriwwen datt duerch d’ Zounam vum Fuussebestand (säit Aféierung vun der Tollwutimpfung) och de Verloscht vun de Buedembréieren zougeholl huet.  
Gett dëst evaluéiert respektiv  wëssenschaftlech analyséiert?
Wann jo – wéi? 
Vill Baueren a Klengdéierezichter kloen a leschter Zäit doriwwer datt de Fuuss ëmmer méi dacks Klengdéiere (Hinger, Lämmer,…) hellt.
Ginn et hei statistesch Zuelen?
Gett dëst evaluéiert?
An engem Artikel vum Quotidien (23.01.2015) seet den Här Staatssekretär, “reconnaît le phénomène citadin des renard qui se promènent en ville. Mais il est aussi confiant sur le fait qu’ on réussira, avec des pièges à animaux vivants, à les attraper pour les reconduire dans la nature”
Ginn et hei Etuden aus dem Ausland, déi beleeën datt dëst hëlleft?
Wéi soll dëst konkret oflafen?
Mat déifstem Respekt,

Martine Hansen Ali Kaes
Deputéiert

Zréck