29 Stroossen därfe bei Schnéi an Äis net befuer ginn : No wéi enger Kritère sinn déi Stroossen ausgewielt ginn ?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.

Den 13. Dezember 2019 gouf e groussherzoglecht Reglement verëffentlecht mat 29 Stroossen, déi bei Schnéi an Äis net dierfe befuer ginn.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden:

No wéi enge Critère sinn déi 29 Stroossen bestëmmt ginn, op deenen net dierf gefuer gi bäi Schnéi an Äis ?
Sinn déi Critèren uniform applizéiert ginn, oder ginn et Ënnerscheeder jee no Regioun oder Kanton?
Stëmmt et, datt dës Stroossen trotz Fuerverbuet deelweis gestreet ginn ? Wa jo, firwat dierfen se dann net befuer ginn?
Wëssend datt eng Rei Stroossen a verschiddene Kantone vum Land scho méi laang mat engem Schëld C2 reglementéiert sinn am Fall vu Schnéi an Äis, kann een feststellen datt am Reglement vum 13. Dezember 2019 nei Stroossen dobäi kommen, anerer falen ewech. Hunn d’Critèrë geännert oder aus wéi enge Grënn sinn elo verschidde Stroossen net méi concernéiert?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Octavie Modert

Deputéiert

Zréck