200 Police Schüler a Quarantän, 12 Rekruten infizéiert : Wat ass iwwert d’Ustiechung gewosst a wat gëtt gemaach fir d’Beamten ze schützen?

Här President,
Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet an un d’Madamm Gesondheetsminister weider ze leeden.
Laut engem aktuelle Presse-Artikel sinn am Moment ronn 200 Police-Schüler, de kompletten 1. Joergang, a Quarantaine, nodeems an de leschten Deeg 12 Rekrutte positiv op Covid-19 getest goufen.
An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:
Waren déi concernéiert Police-Schüler schonn aktiv mat op Patrullen ?
Wa jo, waren si evtl. bei de Patrullen dobäi déi um Virowend vum Nationalfeierdag op enger Rei Platzen am Nuetsliewe Kontrolle gemaach hunn a wou een dovun ausgeet datt do Clusteren entstane sinn ?
Wa jo, wat fir Mesure gi geholl fir d’Beamten an esou Situatioune beschtméiglech virum Virus ze schützen ?
Wann nee, ass gewosst wou déi 12 Police-Schüler sech ugestach hunn ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Léon Gloden
Deputéierten

Zréck