D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link: QP 641
Här President,
Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwert de Brand an der Kathedral Notre-Dame zu Paräis un den Här Staatsminister weiderzeginn.
Virgëschter si Millioune vu Leit weltwäit Zeie vun dem fierchterleche Brand an der Kathedral Notre-Dame zu Paräis ginn. Mëttlerweil sinn honnerte vu Milliounen u Spenden zougesot gi fir dëst schwéier beschiedegt Weltkulturierwen a Symbol vun der franséischer an europäescher Kultur erëm opzebauen.
An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un den Här Staatsminister riichten :
- Ass den Här Staatsminister bereet niewent där gewéinlecher moralescher Ënnerstëtzung, am Numm vun der Lëtzebuerger Regierung, der Verbonnenheet vun de Lëtzebuerger mat Frankräich och e Geste beim nees Opbau vun der Kathedral Notre-Dame ze maachen ?
- Wei kéint sou ee Geste ausgesinn ?
- Wier och eng finanziell Ënnerstëtzung denkbar ?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.
Serge Wilmes
Députéierten
Zréck