
D’Situatioun am Noen Osten ass komplex, verfuer a mënscheveruechtend. Mir brauchen elo eng staark a gëeent EU fir d’Zivilpopulatioun ze schützen.
Am Kader vun enger Aktualitéitsstonn an der Chamber huet de Christope Hansen am Numm vun der CSV gefuerdert, dass :
– All Kanal fir humanitär Hëllef muss opgemaach ginn
– All d’israelesch Geisele musse fräi gelooss ginn
– All d’Attacke vun Israel op Rafah direkt mussen ophalen
– All Form vun illegaler Kolonisatioun duerch Israel muss gestoppt ginn.