Neie Schwong fir eis Partei: CSV-Aarbechtsgruppen

Mir hunn decidéiert, nei Aarbechtsgruppen ze lancéieren, fir Positiounen ze entwéckelen, un deenen all Member vun eiser Partei ka matschaffen. Déi wëlle mer iech elo virstellen. All Parteimember ass häerzlech invitéiert, sech fir déi eng oder aner Aarbechtsgrupp anzeschreiwen – mir géifen eis iwwer eng grouss an intensiv Participatioun freeën.
Bis zum Kongress am Fréijoer 2021, dee wuel wäert am Abrëll stattfannen, wéilte mer a fënnef Aarbechtsgruppe wesentlech Theme fir d’Zukunft vum Land behandelen.

 

FIR DECH A FIR MECH – ENG STAARK SOZIAL AGENDA FIR LËTZEBUERG

Ënner dësem Titel wëlle mer eise soziale Profil preziséieren a schäerfen. Ganz vill Leit zu Lëtzebuerg hu Suergen, déi se am Fong an esou engem räiche Land net sollten hunn – ugefaange bei de verréckte Wunnengspräisser, sief et fir ze kafen oder fir ze lounen. Mir wëllen eis mat dëser Problematik beschäftegen, awer och mat der Aarmut, mat der Prekaritéit, mat familiäre Schiflagen a mam Misär vun deene Leit, déi eleng am Liewe stinn an den Halt verléieren. Och Aarbechtsmaartpolitik soll an dëser Grupp behandelt ginn, genee esou wéi Aspekter vun der Fiskalitéit.

FIR ELO A FIR MUER – FIR ENG NOHALTEG, UM WUEL VUN DER ALLGEMENGHEET ORIENTÉIERT WIRTSCHAFT

Hei wëlle mer dee Wirtschaftsmodell beschreiwen, mat deem Lëtzebuerg seng Zukunft wëllt usteieren. Nei Industrien an Aktivitéiten, déi an d’Zäit passen an den Awunner Perspektive vu Beschäftegung an Entwécklung bidden. Eng Ekonomie, déi d’Klima schount an déi Emissiounsziler, déi mer eis zu Lëtzebuerg an an Europa setzen, ka respektéieren. Mobilitéitskonzepter
och, déi bei esou eng wirtschaftlech a gesellschaftlech Entwécklung passen. Ëmwelt- an Energiepolitik, déi sech net op Dogmatik limitéieren, mee all Innovatiounspotenzial notzen an oppe fir technologesch Entwécklunge sinn. „Gemeinwohlökonomie“ ass och Deel vun esou Iwwerleeungen.

FIR E STAAT MAT ZUKUNFT – STABIL FINANZEN AN ENG MODERN VERWALTUNG MAT ZÄITGEMÉISSEN ËFFENTLECHEN DÉNGSCHTLEESCHTUNGEN

Lëtzebuerg steet op finanziell zolitte Been, mee fir wéi laang nach? Et war ëmmer d’Land vun de kuerze Weeër, mee déi ginn ëmmer méi verschlongen a mat Stolpersteng iwwerséit. Mir wëllen e moderne Staat beschreiwen, mat engem nohalteg strukturéierten an organiséierte Budget, mat effizienten an effikasse Prozeduren, mat Institutiounen, déi optimal funktionéieren an den
Erwaardunge vun haut entspriechen. Mir sollten eis och dermat befaassen, wéi mer d’Potenzial vun der Digitaliséierung beschtméiglech notzen.

FIR ALL DÉI NEI – INTEGRATIOUN, PARTICIPATIOUN, ZESUMMELIEWEN

Lëtzebuerg lieft zënter laangem och vun der Kontributioun vun all deene Leit, déi bei eis kommen – fir méi kuerz oder ganz laang. Mir wëlle kucken, wéi mer hir Integratioun kënne fërderen, wéi mer zu méi Zesummenhalt an der Gesellschaft kommen. A mir mussen e Wee bei déi Mënsche fannen, déi eis Staatsbiergerschaft ugeholl hunn, an déi mer net genuch kennen – a si eis net. Iwwer 100.000 Leit sinn an de leschten zéng Joer Lëtzebuerger ginn. Mir wëllen eng Partei och fir si ginn.

BIERGER SINN – FIR ENG GESELLSCHAFT MAT HÄERZ A MAT ENGAGÉIERTE MËNSCHEN

Eng modern demokratesch Gesellschaft brauch Engagement vun hire Memberen. Dësen Engagement mécht d’Gesellschaft méi mënschlech. Ob et dee klassesche benevollen Engagement an de Veräiner an der Zivilgesellschaft ass, oder eng nei Form vun Déngscht un der Allgemengheet, dee Jonker a manner Jonker wëlle wärend enger Zäit vun hirem Liewe leeschten. Mir wëllen eng Gesellschaft vu Bierger beschreiwen, déi sech fir hire Staat, hir Gesellschaft an de sozialen Zesummenhalt engagéieren.

 

Dës Aarbechtsgruppe wëlle mer elo séier op d’Bee stellen, fir datt se nach dëst Joer éischt Sëtzunge kënnen ofhalen, sech e Programm ginn a kënnen ufänken, Propositiounen ze sammelen an ze formuléieren. Mir wieren duerfir frou, wann der eis bis de 19. November géift matdeelen, ob der wëllt an enger Aarbechtsgrupp matschaffen, an a wéi enger – méi ass och méiglech.
Dat kënnt der op all Manéieren, iwwer Telefon 2257311, iwwer Email op [email protected], oder iwwer Courrier (B.P. 826, L-2018 Lëtzebuerg) maachen.

Wa mer bis wëssen, wéi vill Memberen sech mellen, da stelle mer déi virtuell Toolen zur Verfügung, déi passen – dat hänkt ëmmer e bësse vun der Zuel vun de Leit of. An et wier gutt, wann duerno d’Aarbechtsgruppe viru Chrëschtdag nach géifen zweemol zesummekommen, fir datt mer dëst Joer nach gesinn, wuer hir Rees soll higoen.

Eis Aarbechtsgruppe solle Plaze vun der Begéinung vu Leit a vun Iddie sinn. Keng Iddi ass duerfir tabu, an all Sujet kann ugeschwat ginn – mir wéilten, datt eis Memberen dës Geleeënheet ganz breet notzen, fir eis ze soen, wat se sech vun hirer Partei erwaarden. Och “externen” Input ass wëllkomm. Wann der Leit kennt, déi eis hiert Wëssen an hir Iwwerzeegunge wëlle matdeelen – bréngt se mat, och wann se net an der CSV sinn. Mir wëllen eng Partei sinn, mat där e ka schwätzen, a mat där ee vläicht duerno gäre schwätzt, well se nolauschtert an och dat ophëlt, wat un
eis erugedroe gëtt. Och extern Experten kënnen a Sëtzungen invitéiert ginn, fir spezifesch Kontributiounen ze maachen. Eist Sekretariat hëlleft do gäre bei der praktescher Organisatioun.
Besonnesch frou wiere mer, wa vill jonk Memberen sech géifen an den Aarbechtsgruppen abréngen. Mir brauchen si. Eng lieweg CSV geet nëmmen, wann déi jonk Memberen sech an hirer Partei wuelfillen a wëssen, datt hir Uleies eescht geholl ginn. Mir wëllen duerfir e speziellen Appell un d’CSJler maachen, fir eiser Partei mat hirem aktive Bäitrag neien Opdriff ze ginn.

Mir starten elo duerch. Mat der Hëllef vun deene sëllege Leit, déi bannent eiser Partei Wëssen, Kompetenz an Engagement wëllen abréngen, stelle mer eis op fir déi Zäit, déi kënnt. Wa jiddereen eng Hand upéckt, kënne mer eis selwer an d’Land veränneren. Zum Besseren.

Frank Engel
Parteipresident

Paul Galles
Generalsekretär ff

 

Version française: ELO-3-Novembre-FR