Op dëser Säit fannt dir de Fréijoers- a Summerprogramm 2025 vun eiser CSV Akademie. Eist Zil ass et, Iech d‘Méiglechkeet ze bidden, sech iwwer wichteg politesch Themen ze informéieren, weider ze bilden an nei Sujeten ze entdecken – vum Fonctionnement vun den nationalen an europäeschen Institutiounen iwwer d’Roll vun de Soziale Medie bis hin zu prakteschen Aspekter vun der Parteiaarbecht ass alles dobäi.
An eisem ELO! fannt Dir weider Informatiounen zu deene verschidde Formatiounen a Seminairen.
>> ELO! – CSV Akademie 2025 (PDF)
No dëse Formatiounen ass et awer nach net fäerdeg an et geet mat dem Hierscht- a Wanterprogramm weider. Wann Dir en interessante Sujet fir d’CSV Akademie hutt, oder Dir selwer eng Formatioun wëllt halen, freeë mir eis iwwert all Input. Schéckt eis dofir wgl. e Mail op [email protected].
D’Umeldung fir eng oder méi Offere vun der CSV Akademie ass iwwert de Link hei ënnen drënner méiglech. Aus organisatoresche Grënn ass eng Umeldung bis zwee Deeg virun der Formatioun obligatoresch. Bei Online-Seminairen kréien d’Participanten een Dag virum Seminaire de Link fir deelzehuele geschéckt. Esouwäit wéi méiglech stellt d’Generalsekretariat d’Seminaire-Dokumenter vir oder no der Formatioun zur Verfügung.
>> Umeldung – Inscription – Registration
Wann dir Froen hutt oder Hëllef bei der Umeldung braucht, kënnt Dir iech am CSV Generalsekretariat mellen.