Matdenken. Matgestalten.
No der Annonce um Nationalkongress zu Ettelbréck, lancéiere mir elo och d’CSV Aarbechtsgruppen. D’Zil vun den Aarbechtsgruppen ass et, an enker Ofstëmmung mat den Deputéierten a Ministeren, eis Politik ze begleeden an op d’Erfarung vum Terrain zeréckzegräifen.
Dir bitt eng grouss Diversitéit vun ënnerschiddleche Kompetenzen, vu breede Beruffserfarungen a vu perséinlechem Engagement an Associatiounen a Veräiner.
D’Aarbechtsgruppe gi jeeweils vun eisen Deputéiert, an Zesummenaarbecht mam Generalsekretariat an der Fraktioun, geleet.
>> ELO! – CSV Aarbechtsgruppen (PDF)
Mir hoffen op Är Participatioun a freeën eis Iech an engem vun den Aarbechtsgruppe begréissen ze kënnen. Op dëser Säit kënnt Dir iech fir en CSV Aarbechtsgrupp umellen.
Wann dir Froen hutt oder Hëllef bei der Umeldung braucht, kënnt Dir iech am CSV Generalsekretariat mellen.