Nationalkongress
26/01/2019 – CSV-Nationalkongress ëm 09:00 Auer zu Moutfort am Centre culturel
Op der Dagesuerdnung stinn d’Wahlen vun de Memberen a Mandater am neien Nationalcomité.
Dagesuerdnung
8.30 Auer: Aschreiwen an Umeldung vun de Kongressdelegéierten.
9.00 Auer: Begréissung duerch Marion Zovilé-Braquet Presidentin CSV Conter
ADMINISTRATIVEN DEEL
- Opmaache vum Kongress duerch de Parteipresident Marc SPAUTZ
- Bezeechnung vum Kongresspräsidium- a vun der Wahlkommissioun
- Aktivitéitsrapport vum Generalsekretär Laurent ZEIMET
- Rapport de Caisse vum Generaltrésorier Georges HEIRENDT
- Interventioun vun de Keesserevisoren
- Diskussioun an Adoptioun vun de Rapporten
WAHLEN
- Virstellung vun de Kandidate fir déi statutaresch Wahlen*
- Wahl a getrennte Wahlgäng:
vum Parteipresident
vum Generalsekretär
vun zwee Vizepresidenten
vum Generaltrésorier
vun aacht Membere fir de Nationalkomitee
vun zwee Keesserevisoren
vum Disziplinarrot
vum Berufungsrot
POLITESCHEN DEEL
- Resolutiounen a Motiounen
- Ried vun der CSV-Fraktiounspresidentin Martine HANSEN
- Ried vum CSV-Parteipresident Marc SPAUTZ
- Proklamatioun vun de Wahlresultater
- Schlusswuert vum neie Parteipresident
Éierewäin
*Stëmmberechtegt um Nationalkongress sinn: Nationaldelegéierte vun de Sektiounen (Art.14), Membere vum Nationalcomité, Membere vum Nationalrot, Membere vun de Bezierkscomitéen, stëmmberechtegt Membere vun den Nationalcomitéen vun den Ënnerorganisatiounen