Kapitel 1

Spiegelbild eines Landes?

100 Joer am Sënn vu Land a Leit

An der 100jähreger Geschicht vun der Partei, hunn d’Lëtzebuerger hir während bal 90 Joeren d’Leedung vun de Staatsgeschäfter uvertraut. Sou war d’Rietspartei an d’CSV zesumme grad emol 10 Joer net Member vun der Regierung hei am Land (1914-1917, 1925-1926, 1974-1979, 2013- ).

D’Geschicht vu Lëtzebuerg an d’Geschicht vun der CSV sinn domat ganz enk matenee verbonn. D’Nodenken iwwer d’Entwëcklung an de Stellewäert vun der Chrëschtlech-Sozialer Vollekspartei féiert dofir schlussendlech ëmmer bei déi Evenementer, déi d’Schicksal an d’Geschicht vum Land nohalteg geprägt hunn.

An hirem 100jährege politesche Wierken, huet d’CSV – grad a méi schwéiere Zäiten – déi richteg, zukunftsorientéiert Entscheedungen zum Wuel vu Lëtzebuerg an der Lëtzebuerger Bevëlkerung getraff. Sou huet sech Lëtzebuerg ënnert dem Impuls vun de Premierministere Léon Kauffman, Emile Reuter, Joseph Bech, Pierre Dupong, Pierre Frieden, Pierre Werner, Jacques Santer a Jean-Claude Juncker zu engem héichmodernen Industrie- an Déngschtleeschtungsstaat mat engem Sozialnetz entwéckelt, wat international sécherlech zu de performansten a generéisten zielt.

Die nachfolgenden Erläuterungen auf dieser Seite basieren vor allem auf dem 2008 erschienenen Buch: “CSV – Spiegelbild eines Landes und seiner Politik? Geschichte der Christlich-Sozialen Volkspartei Luxemburgs im 20. Jahrhundert”.