Senioren an der CSV

D’CSV-Seniore regroupéieren all CSV-Memberen iwwer 65 Joeren. Domatter hunn se haut iwwer 3600 Memberen a representéieren iwwer een Drëttel vun all de Parteimemberen (36 Prozent).

Gegrënnt goufen d’CSV-Senioren an de 90er Joeren nom Virbild vun der däitscher “Seniorenunion”. Dëst ënner dem Impuls vum Léon Bollendorf a Nicolas Estgen. Sou ass 1992 fir d’éischt de “chrëschtlech-soziale Senioreclub” entstan, ier 1998 dunn d’CSV-Senioren definitiv als Ënnerorganisatioun vun der CSV verankert gouf.

Am Intressi vun den eelere Mënschen

D’Zil vun de CSV-Senioren ass et sech un der Meenungsbildung an der Partei aktiv anzebréngen a speziell d’Suergen an d’Uleies vun den eelere Generatiounen ze vertrieden. Esou setzen si sech dofir an, datt och d’Senioren sech nach an eiser Gesellschaft gläichberechtegt um soziale Liewe bedeelege kënnen an datt d’Altersaarmut weiderhi fir déi meescht eeler Leit hei am Land zur Vergaangenheet gehéiert. Sou loungen d’Haaptakzenter vun der rezenter politescher Aarbecht vum Comité och op der Altersversuergung, der Fleegeversécherung an de Pensiounen.

Um Kongress 2019 gouf de Fernand Boden als President gewielt.

Duerch d’Seniorenvereenegung soll awer och garantéiert ginn, datt d’Wëssen, d’Kompetenzen an den Engagement vun den eelere Memberen der Partei net verluer ginn.

D’CSV Senioren sinn op Europäeschem Niveau Member an der ESU (European Seniors’ Union).

Dir wëllt méi Informatiounen? Mellt Iech ënner csv@csv.lu

Nationalvorstand der CSV Senioren

BODEN Fernand Osten Präsident
DOSTERT-WAGENER Suzette Süden Sekretärin
FAILLA-BECHDOLT Liliane Zentrum Sekretärin
KARIER Théo Norden Vizepräsident
THEISEN André Süden Vizepräsident
WIETOR Léon Zentrum Vizepräsident
BINGEN Charles Osten Mitglied
BRAQUET Hubert Süden Mitglied
BROSIUS-KOLBER Marianne Zentrum Mitglied
GASPARD Johny Osten Mitglied
GROSCH-DENBLYDEN Bernadette Norden Mitglied
HEINEN Albert Süden Mitglied
LULLING Astrid Zentrum Gast
LUTGEN Roger Zentrum Mitglied
MODERT Guy Süden Mitglied
MOSEL-KNEIP Astrid Süden Mitglied
OBERHAG Louis Osten Mitglied
PLÜMER Romain Norden Mitglied
SPAUTZ Jean Süden Gast
WEYDERT Raymond Zentrum Mitglied
WIES Pierre Zentrum Mitglied