Fir wat mir stinn

Eis Wäerter

Seriéis Politik brauch eng kloer Orientéierung. Si muss op Wäerter, op enger Visioun vum Mënsch a sengem Zesummeliewen an der Gesellschaft foussen. Nëmmen esou, kann een am Alldag wichteg Entscheedungen treffen, kann e soe wouhinner e goe wëll a kann ee wëssen, wou e Kompromësser däerf agoen a wat ni zur Dispositioun steet.

D’Fundament vun der CSV, vun eise Grondsätz, ass d’kathoulesch Sozialléier. Et ass virun allem e Zesummespill vu véier Wäerter, déi eist politescht Schaffe leeden:

Personalitéit: Chrëschtlech Sozialléier ass eng Léier vum ganzheetleche Mënsch. Si baséiert um chrëschtleche Mënschebild, um Mënsch als Persoun. Seng Dignitéit steet iwwer Staat a Politik, iwwer Wirtschaft a Kapital. Si ass “unantastbar”. De Mënsch däerf ni als Mëttel zum Zweck mëssbraucht an instrumentaliséiert ginn.

Solidaritéit: De chrëschtlechen Hannergrond ass d’Nächsteléift, d’Deelen, awer och d’Gerechtegkeet. Betraff ass och d’Fro vum Privatbesëtz, den do ass, fir sech selwer ze verwierklechen, net fir aner ze ënnerdrécken. Prioritéit vun der Solidaritéit hunn ëmmer déi, di se am dréngendste brauchen, déi Schwaach an der Gesellschaft, déi Aarm a Mëttellos. Déi di krank an alleng sinn.

Subsidiaritéit: De Kär vum Mënsch ass seng Fräiheet – säi fräie Geescht. De Mënsch soll esou fräi ewéi méiglech an der Gesellschaft liewen, schaffen a wierken. Et ass dofir awer och den eenzele Mënsch, net de Staat, deen un éischter Stell Verantwortung fir sech selwer a fir seng Matmënschen dréit. Et leit un him seng Leeschtung ze abréngen. Wann en da wierklech Hëllef brauch, soll e vun der Gesellschaft a vum Staat gehollef kréien. Ouni, datt en duerch dës Hëllef vum Staat benotzt oder aus senger Verantwortung fir Entscheedungen ze huelen a Konsequenzen ze droen entlooss gëtt.

An der Politik soll dofir ëmmer um ënneschte politeschen an administrativen Niveau, um Niveau den de Mënschen am noosten ass, wou de Mënsch sech nach am einfachste selwer kann abréngen, entscheed ginn. Just, wann et wierklech néideg ass, soll déi politesch Entscheedung op de Niveau driwwer geluecht ginn (vum lokalen zum nationalen zum europäeschen).

Allgemengwuel: Et ass de Sënn vum Zesummeliewen a vun eiser Gesellschaft dofir ze suergen, datt et eis alleguer méiglechst gutt geet. Och d’Wirtschaft gehéiert zum Sozialen. Och si steet am Déngscht vun de Mënschen. Wichteg ass dobäi d’sozial Gerechtegkeet, datt de Besëtz gerecht verdeelt gëtt. D’Schéier tëschent Aarm a Räich däerf net ze grouss ginn.

Aus dëse véier Wäerter, déi net vun enee getrennt kënne ginn, ergëtt sich fir eis eng Politik, déi de Mënsch an de Mëttelpunkt stellt. Eng Politik, déi de Mënsch net alleng léisst, hien awer och net aus senger eegener Verantwortung hëlt.

Eng Politik, wou wierklech “Jidder Eenzelen zielt”.

Publikatiounen

Grondsazprogramm

Firwat sti mir als CSV? Wat sinn eis Iwwerzeegungen a Wäerter, op deene mir eis politesch Aarbecht baséieren? Dorobber gëtt de Grondsazprogramm eng Äntwert. Domatter ass de Grondsazprogramm d’Basis vun eiser Politik an eise Positiounen. Den aktuelle Grondsazprogramm gouf 2016 vum Nationalkongress ugeholl.

DE (PDF) FR (PDF)