Eis Fraktioun Questions parlementaires Page 94 Questions parlementaires 21 Dezember '21 Kann d’Regierung confirméieren, dass sech am Kontext vun den Manifestatiounen géint déi sanitär Moossnamen, Persounen befannen, déi sech rietsextreemen Tendenzen / Mouvementer zougehéiereg weisen? 20 Dezember '21 Ass de Minister net der Meenung datt eng leedend Funktioun an enger Administratioun net en Hënnernes sollt sinn fir als Member vun der CNPD ernannt ze ginn? 16 Dezember '21 En net geimpfte Schüler, deen amgaang ass, e Beruff ze léieren, riskéiert sain Recht op Bildung ze verléieren, wann e sech d’zertifiéiert Schnell-Tester net ka leeschten. Ass den Här Minister gewëllt, de Schüler aus der Beruffsausbildung gratis zertifiéiert Tester zur Verfügung ze stellen ? 16 Dezember '21 Wat fir eng Positioun vertrëtt de Sportminister zu Bréissel? Wat sinn d’Grënn heifir? 16 Dezember '21 Aus wéi enge Grënn gi Plug-in-Hybridgefierer ab dem Joer 2022 zu Lëtzebuerg vu staatlecher Säit aus net méi gefërdert? 15 Dezember '21 Wéi eng Méiglechkeeten hunn d’Notzer en dehors vun der Adapto-App, fir am Fall vun engem Problem awer en Adapto-Bus onkomplizéiert kënnen unzefroen ? 15 Dezember '21 No schaarfer Kritik vun de Gewerkschaften um Oflaf vun der Tripartite : Wéi reagéiert d’Regierung ? Firwat sollen d’Logements- a Klimakris net mat de Sozialpartner diskutéiert ginn? 13 Dezember '21 Däerfen d’Gemengen a verschiddenen Zonen Aktivitéiten verbidden, fir datt dës Zonen méi propper a roueg fir d’Awunner sinn ? 10 Dezember '21 Ass d’Regierung der Meenung datt et wichteg ass d’Astierzen vun den eemolegen Kallekiewen an der Cité Kiirchbierg zu Rëmeleng ze verhënneren ? 10 Dezember '21 Wéi héich ass de Budget, deen d’Agence eSanté vun hirer Grënnung un allouéiert kritt huet – am Total an opgeschlësselt no Joer ? 91929394959697