Eis Fraktioun Questions parlementaires Page 92 Questions parlementaires 11 November '21 A leschter Zäit ass d’Unzuel un Abréch ganz besonnesch d’Stad Lëtzebuerg staark an d’Luucht gaangen. Wéi gedenkt den Här Minister kuerzfristeg op dës Hausse un Abréch ze reagéieren ? 11 November '21 Kéint d’Regierung eventuell hir Meenung änneren an en “Kündigungsbutton” sou wéi an Däitschland aféieren, fir datt d’Rechter vun de Verbraucher gestäerkt ginn ? 10 November '21 Wäerte Leit ënner 30 Joer déi am medezinesche Beräich schaffe, kënne wiele mat wéi engem mRNA-Vaccin si sech impfe loossen oder gëtt de Moderna Vaccin souwisou net méi fir Leit ënner 30 Joer virgesinn, och fir eng zweet Booster-Impfung wann ee mam Johnson-Vaccin geimpft gouf ? 09 November '21 Wéi eng allgemeng Recommandatioune gedenkt d’Madamm Ëmweltministesch via d’Naturverwaltung erauszeginn, fir de Problem mat de Fiiss an de Grëff ze kréien? 09 November '21 Wéi schätzt d’Regierung eng Zweet- oder Drëttdosis an bei Persounen déi schonns mam Covid-19 infizéiert waren an eemol mam Janssen Impfstoff geimpft goufen ? Wat sinn an deem Fall der Regierung hier Recommandatiounen ? 09 November '21 Kann d’Regierung bestätegen datt et Probleemer ginn wat d’Resultater vun den PCR-Tester a verschiddenen Labo’en ugeet ? 05 November '21 Ass et virgesi fir d’Prozedur fir en Héierapparat ze kréien ze vereinfachen? 05 November '21 Wéi schätzt den Ausseminister di aktuell humanitär Situatioun zu Calais an? 03 November '21 Kann d’Regierung confirméieren oder dementéieren, datt si am Europäesche Rot d’Interessie vun de sougenannte Gafaen, also de groussen Internet-Konzerner, zum Nodeel vun den eegene Bierger vertrueden huet? 03 November '21 Mat wéi enge Sanktioune musse Leit rechnen, déi mat „Fälschungen“ vu Covi19 Certificat’en erwëscht ginn? 89909192939495