Questions parlementaires

Kann d’Regierung eis informéieren ob déi ugekënnegt Table-rondë mat Vetrieder vu Verbänn a Veräiner mëttlerweil organiséiert gi sinn a wa jo, wat dobäi eraus komm ass ?

Wéi gesäit et mat den Diskussiounen iwwert d’sanitär Kooperatioun tëscht Lëtzebuerg a Frankräich aus ?

Firwat kréie weder d’Operateure vum CITA , nach déi vum 113 an 112 d’Primmen, déi een als qualifizéierten Operateur zu gutt hätt ?

Aus wéi engem Grond kréien d’Police-Beamte weiderhin d’Unerkennung vun hiren Diplomer refuséiert ?

Kann d’Regierung eis informéieren, wéi vill Accidenter op positiv Drogentester zeréck ze feieren sinn ? Wéi vill dovun ob Cannabis ?

Kann d’Regierung confirméieren datt den engleschen Impfzertifikat, den sougenannten NHS Covid Pass, hei zu Lëtzebuerg nach net unerkannt gëtt ?

Wéi vill Erwuessener befannen sech zënter der Pandemie a psychiatrescher Behandlung ?

Kann d’Regierung confirméieren datt et och nom 22. Juni 2021 Problemer mam ELS vun der Police gouf ?

Et ass matgedeelt ginn datt de Budget RGTR fir d’Joer 2021 lo quasi opgebraucht ass an datt doduerch déi 3 lescht Méint näischt bezuelt ka ginn. Ass d’Regierung der Meenung datt dëst e finanzielle Risiko fir déi concernéiert Betriber mat sech bréngt ?

Gëtt zu Lëtzebuerg och un der Entwécklung vun engem Führerschäin an digitaler Form geschafft?