Questions parlementaires

D’Uni.lu offréiert hire Studenten an hirem Bureau de Soutien Psychologique professionelle Bäistand. Wann e Student dës Offer an Usproch huele wëllt, wéi laang muss hien ongeféier waarde bis en un d’Réi kennt?

Wéi wäit ass d’Nationalarchiv mat der Inventariséierung vum transferéierte Material an wéini kann en ongeféier domadder rechnen, dass dëst Material erëm brauchbar fir d’Geschichtsfuerschung ass?

Kuerz virum Waldhaff musse Wanderer queesch iwwer d‘N11 goen, fir vun där enger op déi aner Säit ze kommen, fir datt si hir gewielte Route kënne bäihalen. Deelen déi Häre Ministeren d‘Meenung, datt déi beschriwwe Situatioun misst entschäerft ginn, fir de Risiko vun Accidenter ze reduzéiere respektiv ze vermeiden? 

Wéi ass déi aktuell Positioun vun der Regierung par Rapport zum Verdeele vun de Iodpëllen?

Wéi vill Lëtzebuerger befanne sech aktuell an der Ukrain an a Russland ?

Wéi vill Prozent vun de Schoulstonnen am Enseignement secondaire „classique“ a „général“, an der Beruffsausbildung, am Enseignement spécialisé an an der Erwuessenebildung ginn aktuell vu Chargéë gehalen ?

Wat geschitt mat de schoulflichtege Kanner déi aus der Ukrain op Lëtzebuerg kommen?

Ween huet sech an de vergaangene Joren em d’Asammele vum Hecken-, Bam- a Strauchschnëtt respektiv dem Siloplastik bekëmmert?

Ass den Här Minister net der Meenung, datt ee bei Publikatiounen, déi elo nach Russland als Aggresseur ënnerstëtzen, d’Pressehëllefgesetz misst applizéieren an entspriechend d’Pressehëllef kierzen oder sträichen ?

Nom Brand vu Juni 2021 huet et vu Säiten vun der Prisongsverwaltung geheescht, dass technesch Alternativen zu Briqueten an Sträichhölzer, déi d’Prisonnéier bäi sech droen fir an der Zell ze fëmmen, géifen ënnersicht ginn ? Wat huet dës Etude erginn ?