Questions parlementaires

Stëmmt et datt a méi grousse Betriber néi Mataarbechter oft just fest agestallt ginn, wann si virdrun iwwert eng Interimsfirma wärend e puer Méint do geschafft hunn ?

Wëssend dass d’Recht op Ausbezuele vum Krankegeld am Krankheetsfall op 78 Wochen eropgesat ginn ass, misst net och d’52-Woche-Reegelung am Fall vum CRF no uewen ugepasst ginn ?

Wäert d’Regierung een änleche Wee aschloen, wéi d’Regioun Bréissel, a verschidden Déngschtleeschter dozou verflichten, ofgeschlossen Transaktiounen dem Lëtzebuerger Fiskus matzedeelen?

Stëmmt et datt et a verschidde Primärschoulen nach ëmmer keng “I-EBS” Enseignanten ginn ?

Wat ass d’Positioun vun der Regierung par Rapport zum Arrêt vum Europäesche Geriichtshaff zu den Upload-Filteren?

D’Refugiéen aus der Ukrain hunn zu Lëtzebuerg Problemer mat der Telekommunikatioun an de Käschten, déi domat verbonne sinn. Wéi well d’Regierung dëse Leit hëllefen, fir dat si sech besser connectéiere kënnen ?

Och d’Léierjongen a Léiermeedecher si vun der Präisdeierecht betraff. Kann d’Regierung hinnen och eng Bäihëllef accordéieren?

Wéi gesait et aus mat de Rulingen am Joer 2021 ?

Sinn hei zu Lëtzebuerg scho Fäll bekannt, wou Kanner ënnert der neier Form vun Hepatitt leiden?

Wou ass de Projet vum “Google Data Center” zu Biissen drun? A wéi gesäit et eigentlech mam Interessi vu Google um Standuert Lëtzebuerg aus?