Questions parlementaires

Firwat dauert et momentan sou laang fir eng Waffenautorisatioun ze kréien ?

Innerhalb vun net mol enger Woch sinn hei am Land zwee Bancomate gesprengt ginn. Schafft d´Regierung mat de Bedreiwer vun de Bankautomaten zesummen, fir eng gemeinsam Léisung vum Problem ze fannen?

Wéi gesäit di aktuell Corona Situatioun an de Secteuren Hospitalier an des Soins aus?

Gëtt et och zu Lëtzebuerg eng Recommandatioun datt e Patient no enger COVID-Infektioun 7 Wochen waarde soll, virun deem e sech kann operéiere loosse ?

D’Uni.lu offréiert hire Studenten an hirem Bureau de Soutien Psychologique professionelle Bäistand. Wann e Student dës Offer an Usproch huele wëllt, wéi laang muss hien ongeféier waarde bis en un d’Réi kennt?

Wéi wäit ass d’Nationalarchiv mat der Inventariséierung vum transferéierte Material an wéini kann en ongeféier domadder rechnen, dass dëst Material erëm brauchbar fir d’Geschichtsfuerschung ass?

Kuerz virum Waldhaff musse Wanderer queesch iwwer d‘N11 goen, fir vun där enger op déi aner Säit ze kommen, fir datt si hir gewielte Route kënne bäihalen. Deelen déi Häre Ministeren d‘Meenung, datt déi beschriwwe Situatioun misst entschäerft ginn, fir de Risiko vun Accidenter ze reduzéiere respektiv ze vermeiden? 

Wéi ass déi aktuell Positioun vun der Regierung par Rapport zum Verdeele vun de Iodpëllen?

Wéi vill Lëtzebuerger befanne sech aktuell an der Ukrain an a Russland ?

Wéi vill Prozent vun de Schoulstonnen am Enseignement secondaire „classique“ a „général“, an der Beruffsausbildung, am Enseignement spécialisé an an der Erwuessenebildung ginn aktuell vu Chargéë gehalen ?