Questions parlementaires

Och d’Léierjongen a Léiermeedecher si vun der Präisdeierecht betraff. Kann d’Regierung hinnen och eng Bäihëllef accordéieren?

Wéi gesait et aus mat de Rulingen am Joer 2021 ?

Sinn hei zu Lëtzebuerg scho Fäll bekannt, wou Kanner ënnert der neier Form vun Hepatitt leiden?

Wou ass de Projet vum “Google Data Center” zu Biissen drun? A wéi gesäit et eigentlech mam Interessi vu Google um Standuert Lëtzebuerg aus?

Wéi wëll den Här Minister de Problem vun de Parkplaze léise fir d’Weiderbildungen am Beräich vun der „Gestion en entreprise“ respektiv vun de „Sprëtzpass-Couren“, déi daagsiwwer ofgehale ginn?

Wat geschitt mat Banken ewéi der Gazprombank déi hier comptes annuels net am RES publizéieren?

Wéi vill Entreprisë, déi ënnert der aktueller Hausse vun den Energiepräisser leiden, wäerte kënne vun den zukünftegen Hëllefsmesüre gehollef kréien?

Wëssend, dass de Leetzëns am Euroraum op engem historeschem Déif ass an an absehbarer Zäit aller Viraussiicht no och net gehuewe wäert ginn, wat sinn d’Grënn fir d’Hausse vun den Zënsen op den Immobiliëprêten?

Wéi een Impakt huet d’Liquidatioun vu Liberty Steel an der Belge op de lëtzebuergesche Site zu Diddeleng?

Gouf et viru kuerzem eng Instruction ministérielle oder souguer eng Instruction vun der ADEM, fir Dossieren nei ze bewäerten, wou d’Bezuelung vum RPGH vun den Concernéierten als de facto accordéiert ka ginn?