Questions parlementaires

Wéi vill Äschen aus der Verbrennung vu Pellets fale bei der Firma LuxEnergie pro Joer un?

Wäert deen am Koalitiounsaccord an Aussicht gestalte „Fonds d’indemnisation de l’aléa thérapeutique“ fir d’Schied, déi duerch multiresistent Keimen an de Klinicken entstinn, opkommen?

Wei laang dauert de Chantier bei der Rouder Bréck tëschent Kayl a Schëffleng nach?

Huet sech den Undeel vun de Gebuerte mat Keeserschnëtt an de leschte 5 Joer verännert?

Wéi vill Fäll vun Mastektomie goufen zanter 2017 pro Joer hei zu Lëtzebuerg duerchgefouert?

Recommandéiert d’Santé eng 5. Impfung, wann déi betreffend Persoun zwar 4 Mol geimpft ass, awer bis elo nach kee Vaccin krut, deen un d’Omikron-Variant ugepasst ass?

Ass den Här Minister bereet, fir d’Setzgromperen op d’Lescht vun de Kulturen anzeschreiwen, déi 2023 am Kader vun de europäesche Mesuren op Brooche kënnen ugebaut ginn, fir d’Liewensmëttelversuergung ze sécheren, dat mam Zil, dat mer net och nach an dësem Beräich weider ofhängeg ginn, a wuelwëssend datt och Setzgrompere kënnen zu Nahrungszwecker genotzt ginn?

Wéi vill Lëtzebuerger si vun den Onrouen am Peru betraff a kënnen d’Land dofir net verloossen?

Gestion Locative Sociale : Wéi ass d’Prozedur bei Degradatioun vu Wunnengen ?

Gedenkt d’Ministesch och eng Primm fir  emissiounsfräi oder emissiounsaarm Busser, Camion’en an aner grouss Aarbechtsmaschinnen anzeféieren?