Questions parlementaires

Stëmmt et dass de « Blockchain Competence Center » (BCC) hei zu Lëtzebuerg opgeléist ginn ass an op Bréissel transferéiert gëtt? A wat bedeit dat fir den europäesche Siège hei zu Lëtzebuerg op politeschem, ekonomeschen an technologeschem Plang?

Ëmmer méi Leit gräifen op de Velo als Transportmëttel zréck. Wier et net sënnvoll datt, grad wéi am Stroosseverkéier och offiziell matgedeelt gëtt wou, wéini a fir wéi laang op Vëlospiste geschafft gëtt an datt dës Informatiounen och un d’Presse weidergeleet ginn?

Gëtt et e Malaise tëscht Bréissel a Lëtzebuerg wat déi europäesch Institutiounen betrëfft?

Wat gouf am leschte Joer gemeet fir d’Verkéierssécherheet ze verbesseren an de Risiko vu Kollisioune mat Beem erof ze setzen ?

Wéini kënnt den neie legale Kader fir d’Indemnisatioun vu Chômeuren (Frontalieren) an Europa ? Firwat ginn d’Ausgaben vum Fonds pour l’emploi schonn 2021 enorm an d’Luucht ?

D'Äntwert fannt Dir hei

Wéi eng Konsequenzen hunn déi substantiell Hausse vun de Pëtrollspräisser op déi weider geplangten Erhéijungen ?

D'Äntwert fannt Dir hei

Soll eng Spekulatiounssteier op Terrainen agefouert ginn ?

Sollt den Alter fir de Führerschäin vun der Kategorie AM ze kréien, erof gesat ginn ?

D’Zuel vu Mëssbrauchfäll bei de Kanner vervéierfacht ! Wat gedenkt d’Regierung ze ënnerhuelen ?

Ganz laang Waardezäiten fir d’Mammographie : Wat ënnerhëlt de Gesondheetsminister ?