Questions parlementaires

Sinn d’Zuelen vun Gewalt an Mëssbrauch u Kanner säit dem Ufank vum Confinement eropgaangen ?

Gëtt et schonn ee Konzept fir den neien internationale Lycée zu Miersch um Site vum ablacklechen LCD? Wéi vill Schüler kënnen opgeholl ginn?

Ginn et den Ament gréisser Retarden beim PET-Scan a gëtt envisagéiert een zweete PET-Scan un ze schafen?

Gëtt am Ministère un enger Gesetzgebung fir Wunngemeinschafte geschafft?

Sinn lëtzebuergesch Zaldote positiv op de Coronavirus getest ginn ? Wat geschitt am Fall vun enger Infektioun a wien gëtt alles a Quarantän gesat ?

Gëtt et nach eng gezielt Testaktioun op Covid-19 fir Schüler an Enseignanten an ass de Minister bereet fir d’Rentrée méi kleng Klassen z’autoriséieren an de Contingent un ze passen?

Fir wat huet et esou laang gedauert bis d’Vëlosfederatioun Äntwerten op wichteg Froe kritt huet? Wéi kann et sinn datt d’Büroe vum Sportministere réischt säit dem 24. Juni rëm besat sinn?

Obwuel si rëm opmaachen däerfen hunn vill Fleegeheemer fir Persoune mat Behënnerung hier normal Aktivitéite nach net opgeholl. Dëst féiert dozou, datt d’Awunner an hiren Zëmmer bleiwe mussen. Wat sinn d’Grënn fir dëse Retard?

Zu Lëtzebuerg kann et bis zu 3 Deeg daueren bis de Kadaver vun engem Notzdéier vun der Entsuergungsfirma ofgeholl gëtt, eng Situatioun déi um sanitären an hygienesche Plang problematesch ka sinn. Wat sinn d’Ursaachen a wéi gedenkt de Minister dëser Problematik entgéintzewierken?

Sinn d’Ministeren a Gespréicher mat den Dirigenten vu Guardian Lëtzebuerg fir d’Zukunft vun hirer Produktioun zu Lëtzebuerg ze sécheren? Ass d’Regierung am gaangen ze préiwen wéi eng Mëttelen hinnen zur Verfügung stinn fir de Standuert Lëtzebuerg ze erhalen?