Questions parlementaires

Ginn et eventuell Unzeechen, dass eis Nopeschlänner am gaange sinn, eist Land als Risiko-Land anzestufen ? Wa jo, wéi gedenkt d’Regierung deem entgéint ze trieden ?

Ass d’Regierung net der Meenung datt en Austausch tëscht der Regierung an den eenzele Alters- a Fleegeheimer wichteg wier, fir ze koordinéiere wéi eng Mesurë wou missten oder sollte getraff gi fir d’Bewunner ze schützen?

Kann den Logementsminister eis matdeelen op un enger Moossnam geschafft gëtt wouduerch jonke Menagen a Menagë mat klengem Akommes eng Wunnengsbaualternativ ugebuede gëtt?

Geet den Delai de prescription beim sexuellen Mëssbrauch vu Kanner erop ?

Stëmmt et datt den Här Finanzminister a seng Amtskolleegen en europäesche Fong fir eng Relance virgeschloen hunn, bäi dem Lëtzebuerg 20 Mol méi abezilt wéi d’Land dono dobäi eraus krit ?

Wéi vill Prozent vun den Testresultater si feelerhaft ? Ginn am Zweiwelsfall Testresultater duerch weider Tester iwwerpréift ?

Firwat kënnen d’Laboratoires Réunis d’Patientendaten vun de Covid-Tester 10 Joer laang halen ? Wien huet Zougrëff op dës Donnéeë ?

Wéi eng Mesuren hëlt d’Regierung vir sécher ze stellen datt d’Betriber sech géint Hackerugrëff schützen ?

Wier et méiglech e “chèque technologique” anzeféieren an domat den Télétravail ze fërderen ?

Wéi eng Richtlinne gëtt d’Regierung sech fir d’Ausbreedung vum 5G Netz zu Lëtzebuerg ?