Questions parlementaires

Den Educatiounsministère proposéiert Nohëllefsstonnen vum 31. August bis den 11. September. Ginn et genuch Enseignanten fir des Nohëllefsstonnen ze assuréieren? A wéi grouss ass d’Nofro bei de Schüler?

Déi europäesch Kommissioun hat viru Joren déi staatlech Hëllefen fir Fiat an Amazon als illegal erklärt. Wou sinn déi zwou Affairen momentan drun?

Wéi ka verhënnert ginn, dass Lëtzebuerg an Europa « ausgespaart » gëtt?

D’Gewerkschaften a vill Elteren fuerderen säit laangem datt Begleetpersonal an de Schoulbusse vu Kompetenzzentren agesat ginn. Gesinn d’Ministeren keng Noutwendegkeet, Begleetpersonal zur Verfügung ze stellen ? Wann net, wat sinn d’Grënn ?

Produzente vu Schwéngefleesch sinn zënter enger gewëssener Zäit mat engem enorme Präisverfall vun hirem Fleesch konfrontéiert. Ass de Minister gewellt de lëtzebuerger Produzente kuerzfristeg verstäerkt ënnert d’Aarm ze gräifen? Wei kéinten dës Hëllefen ausgesinn?

Wéi eng speziell Autorisatiounen an Derogatiounen goufen et fir d’Liwwerung vu Masken op Lëtzebuerg a koum et zu Fälschunge wat de Label ugeet?

Wien dierf iwwert d’Grenz no Däitschland a wien net? Wat gedenkt d’Regierung ze ënnerhuelen, fir datt d‘Grenze fir d‘Leit opbleiwen?

Firwat huet Lëtzebuerg d’Wäerter iwwer d’Loftverschmotzung net un d’EU Kommissioun gemeld?

Wéi gesäit d’Regierung de Spidols-System no der Kris a solle verschidden nei Technologien um legale Plang enkadréiert ginn?

Wéi eng Konsequenzen hat d’Covid-19 Pandemie fir Kriibspatienten, déi eventuell net konnte behandelt ginn?