Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizministesch, d’Madamm Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet an un den Här Finanzminister weiderzeleeden.
D’Zesummeliewen an der Famill huet sech an de leschte Joren zu Lëtzebuerg däitlech verännert. Vill Koppelen entscheeden sech bewosst dofir sech net ze bestueden oder sech ze pacsen. Si maachen de Choix sech zesummen e Liewen opzebauen an eng Famill ze grënnen ouni iergendeen legale Kader. Am Alldag ginn si als Famill ugesinn, ma am Fall vun engem Doud vum Partner oder beim Thema Ierfschaft huet de Partenaire survivant keng Uspréch op Witwerent oder op en Deel vun der Ierfschaft, ausser en Testament gesäit dat vir. Steierlech hunn aktuell bestueten a gepacste Koppelen och gewëssen Avantagë par rapport zu Koppelen déi just zesumme liewen.
De Finanzminister huet an engem rezenten Interview zur Steierreform betount dass “et net méi wierklech ubruecht ass, Persounen eleng wéinst hirer Bestietnes eng Steieravantagen ze ginn. Et ass also un der Zäit, op eng Individualiséierung vun der Steier iwwerzegoen, fir datt jidderee gläichméisseg besteiert gëtt, onofhängeg vu sengem Familljestatus”.
An deem Kontext wollte ech follgend Froen un d’Madamm Justizministesch, d’Madamm Ministesch fir Gesondheet a sozial Sécherheet an un den Här Finanzminister stellen:
- Wéi steet d’Regierung zu de genannte Suergen a Problemer vu Koppelen, déi weder bestuet nach gepacst sinn a just mateneen „kummeren“? Gesäit d’Regierung hei e Besoin fir den aktuelle legale Kader am Beräich Ierfschaft an Hannerbliwenerenten ze iwwerdenken? Kéint een sech e spezielle Regime fir Koppele mat Kanner virstellen?
- Wa jo, wéi kéint esou eng Reform ausgesinn, respektiv wéi eng Alternativen zum aktuelle Regime kéinten an d’Diskussioun abruecht ginn?
- Wéi eng steierlech Ënnerscheeder ginn et aktuell tëscht engem Mariage, engem PACS a Concubinage? Wéi géing déi steierlech Individualiséierung no der geplangter Reform ausgesinn?
- Wéi eng Conditioune muss ee momentan erfëlle fir Usproch op eng Witwerent ze hunn? Ginn et Ureegunge fir den aktuelle System ze iwwerschaffen?
- Huet d’Regierung virgesinn staatlech Informatiounscampagnen iwwert d’Rechter an d’Konsequenze vun engem Mariage, engem PACS respektiv vun engem net-offiziell gereegelten Zesummeliewen, a gesäit d’Regierung e Besoin, dës Campagnen an Zukunft auszebauen?
- Ass virgesinn, datt Koppelen zum Beispill iwwer d’Gemenge méi transparent a praktesch Informatioune kréien, besonnesch iwwert déi finanziell an ierfschaftlech Auswierkungen wann si sech fir e Mariage respektiv fir e PACS entscheeden? Hei kéint z.B. och e staatlech ausgeschafften Dépliant de Gemengen zur Verfügung gestallt ginn, fir datt all Gemeng déi selwescht Informatioune un d’Koppelen weider gett.
Här President, mir bieden Iech, main déifste Respekt unzehuelen.
Stéphanie Weydert
Députéiert
Zréck