Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ministesch fir Digitalisatioun an un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.
Aus der Dageszeitung vum 15. September geet ervir, dass de Bildungsministère am neie Schouljoer e klore Schwéierpunkt op d’KënschtlechIntelligenz (KI) setzt a gläichzäiteg virun engem “reelle Risiko vun enger geeschteger a kognitiver Veraarmung” bei jonke Leit warnt.
D’Regierung annoncéiert eng national Strategie mat Leitlinne fir den Asaz vu KI an der Schoul an en dräistufegen um Alter adaptéierte Kader: am Fondamental d’Chancen a Risike verstoen, am Ufank vum Secondaire Digitalwëssenschaften léieren, an an de méi héije Klassegezielten Asaz vu KI am Léierprozess. Parallel dozou soll de KI-Kompass als sécheren Tool-Set fir Schoule ginn.
Dës Orientéierung knäppt u beim Plang “sécher.digital” un an ënnersträicht, datt KI en Tool am Déngscht vum Mënsch bleiwe muss, awer mat Schutz virun onkontrolléierter Notzung an engem reflektéierten Ëmgang.
An deem Kontext wollte mir follgend Froen un d’Madamm Ministesch fir Digitalisatioun an un den Här Educatiounsminister stellen:
- Wéi gesäit de präzise Contenu an den Zäitplang fir d’national Strategie an d’Leitlinne fir KI an der Schoul aus?
- Wéi gëtt d’Schoulpersonal op den didakteschen an techneschen Asaz vu KI virbereet an wéi eng KI Tools ginn momentan am meeschten vum Schoulpersonal genotzt?
- Wéi gëtt garantéiert, datt KI-Uwendungen net zu neie Splécken an de Klasse féieren (Zougang zu Geräter/Internet/Support doheem) a wéi eng gezielte Moossnamen si fir sozial schwéier gestallte Kanner virgesinn?
- Wéi ginn d’KI-Kompetenzen an de Programmer vum Fondamental a Secondaire konkret verankert? Wéi gëtt déi betount Stäerkung vun de „mënschleche Kompetenzen“ (kritescht Denken, Sprooch- a Schrëftkompetenz, Empathie) pedagogesch ofgeséchert?
- Wat genee versteet de Ministère ënner der ugeschwate “geeschteger a kognitiver Veraarmung” a wéi eng konkret Initiativen (z.B. Liese- a Schreifcampagnen, Reflexiounsdidaktik) ginn op Schoulniveau ëmgesat fir dem entgéint ze wierken?
Här President, mir bieden Iech, onse déifste Respekt unzehuelen.
Françoise Kemp Ricardo Marques
Députéiert Députéierten
Zréck