Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Inneminister an un d’Madamm Justizminister weiderzeleeden.
Zu London setzt d’Metropolitan Police am Kader vun engem Pilotprojet „Live Facial Recognition“ an, ë. a. iwwer Kamera-Vans a fix Kameraen, déi an Echtzäit Gesiichter mat enger virdefinéierter „Watchlist“ vu gesichte Persoune vergläichen.
E Fall dee fir vill Oprou an Diskussiounen gesuergt huet war dee vun engem registréierte Sexualstroftäter, dee mat engem 6-järege Meedchen erwëscht gouf nodeems e vun der KI-Software identifizéiert ginn ass.
An deem Kontext wéilt ech follgend Froen un den Här Inneminister an d’Madamm Justizminister stellen.
- Wéi steet d’Regierung zu KI-gestëtzten Erkennungs-Systemer – inklusiv Gesiichtserkennung – als zousätzlech Hëllef an der Kriminalitéitsbekämpfung ?
- Kéint Regierung sech sou ee Pilotprojet och zu Lëtzebuerg virstellen ?
- Op wei enger legaler Basis kéint sou ee Pilotprojet duerchgefouert ginn ?
Här President, ech bieden Iech dës Fro mat mengem déifste Respekt unzehuelen.
Nancy Arendt
Deputéiert
Zréck