Wéi wëllt d’Arméi 650 zousätzlech Zaldoten bis 2030 rekrutéieren?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Verdeedegungsministesch  weiderzeleeden.

Fir sengen zukünftegen Aufgabe gerecht ze ginn a fir de binationale Batailloun mat der Belsch adäquat ze besetzen, brauch eis Arméi bis 2030 650 zousätzlech Militärpersonal, sot de Chef D’État Major Thull an enger Debatte op der Televisioun. Dëst stellt en enormen Zouwuess duer par Rapport zu deene Ronn 900 Zaldoten, déi eis Arméi aktuell zielt. Wann ee weess, dass de Recrutement fir d’Arméi scho säit enger Zäit säit Joren nëmme lues viru geet, kann ee sech d’Fro stellen, wéi eis Arméi an deenen nächste 5 Joer em dee Volume soll wuessen.

Zu dësem Thema wéilt ech der Madame Verdeedegungsministesch follgend Froe stellen:

Allgemenge Recrutement:

  • Wéi vill Zaldoten huet d’Arméi an de leschte fënnef Joer rekrutéiert? A wéi vill Caporalen, Ënneroffizéier an Offizéier?
  • Wéi vill Persounen an de jeeweilege Carrièren (Zaldoten, Caporalen, Ënneroffizéier, Offizéier) hunn d’Arméi an der selwechter Period verlooss?
  • Fir déi geplangte 650 zousätzlech Poste bei der Arméi: Wéi vill dovu solle mat Offizéier, Ënneroffizéier, Caporalen an Zaldote besat ginn?
  • Wéi vill CRS-Nummere feelen aktuell nach, fir déi gesetzte Personalziler ze erreechen?
  • Iwwer déi lescht dräi Joer goufe verschidde Recrutementskampagnen gefuer. Wéi erfollegräich waren dës? Wéi get dëse Succès gemooss an wat war den Impakt op de Recrutement?
  • Wat fir nei Initiative sinn dëst an dat nächst Joer geplangt, fir de Recrutement an alle Carrièren nohalteg unzekuerbelen?
  • Wat fir Erfarunge goufen am Kader vum neien Arméisgesetz, souwéi der Aféierung vun de Carrièren C2, B1 an A2 gesammelt? Hunn dës nei Carrièren dozou bäigedroen, nei Profiller unzezéien oder Personal ze halen? Gëtt e konkret Zuelen dozou?

 

Ausbildung vun Offizéier an Ënneroffizéier:

  • Wéi vill Studenten hu mir aktuell an der Offizéieschschoul zu Bréissel duerch den indirekte Recrutement? Wéi vill goufen all Joer an de leschte fënnef Joer dohinner geschéckt? A wéi vill vun deene Studenten hunn hir Ausbildung ofgeschloss?
  •  Wéi vill Léit goufe säit der Aféierung vun der Méiglechkeet vun engem direkten a semi-direkte Recrutement agestallt a wéi vill vun hinnen hunn hier Ausbildung erfollegräich ofgeschloss?
  • Wéi vill Studente befannen sech aktuell an der Pilotenausbildung?
  • Wéi vill Léit sinn aktuell an der Enneroffizierausbildung? An wéi vill goufen der an de lëschte 5 Joer ausgebilt?
  • Gëtt dru geschafft, d’Unzuel u Studieplazen zu Bréissel ze erhéije fir den néie Personalziler Rechnung ze droen? Oder gëtt en Ausbau vun der Zesummenaarbecht mat Frankräich, z.B. iwwer Saint-Cyr, envisagéiert?

Recrutement fir de bi-nationale Bataillon:

  • Wéi gesäit de Recrutementsplang fir de bi-nationale Bataillon aus? Gëtt et kloer Zieler fir d’Joer 2025, 2026, 2027 an 2028, wat d’Zuel vum ze rekrutéierte militäresche Personal ugeet – opgeschlësselt op Zaldoten, Caporalen, Enneroffizéier an Offizéier?
  • En Deel vum Personal wäert am Ausland, zu Arel (Belsch), stationéiert ginn. Gëtt driwwer nogeduecht, finanziell Ureizer ze schafe fir dës Affektatioun méi attraktiv ze maachen?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Alex Donnersbach

Deputéierten

Zréck