Wéi vill ukrainesch „Bénéficiaire de la protection temporaire“ si registréiert a wéi vill sinn op Sozialhëllef ugewisen?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Äech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil, den Här Minister fir Immigratioun an Asyl, den Här Minister fir Uarbecht, den Här Bildungsminister an un d’Madamm Sozialministesch weiderzeleeden.

De 4. Mäerz 2022 huet d’Europäesch Unioun, als Reaktioun op d’russesch Invasioun an d’Ukrain, d’Direktiv 2001/55/EG iwwer den temporäre Schutz a Kraaft gesat. Och Lëtzebuerg huet doropshin de Statut vum „Bénéficiaire de la protection temporaire“ (BPT) ëmgesat an enger gréisserer Unzuel vu Leit aus der Ukrain eng séier a legal Opnam mat Zougang zu Logement, Gesondheetsversuergung, Ausbildung a Beschäftegung erméiglecht. Mëttlerweil sinn dräi Joer vergaangen an et gëtt ëmmer méi kloer, datt sech fir verschidde Beneficiairen eng méi laangfristeg Perspektiv zu Lëtzebuerg opmécht. An deem Zesummenhang wollt ech follgend Froen un den Här Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil Max HAHN, den Här Minister fir Immigratioun an Asyl Léon GLODEN, den Här Minister fir Uarbecht, Georges MISCHO, den Här Bildungsminister Claude MEISCH an un d’Madamm Sozialministesch Martine DEPREZ stellen:

  • Wéi vill ukrainesch BPT sinn aktuell zu Lëtzebuerg registréiert?
  • Wéi vill ukrainesch BPT si beruffstäteg an a wéi enge Secteuren si si besonnesch aktiv?
  • Wéi vill ukrainesch BPT sinn op Sozialhëllef wéi de REVIS ugewisen?
  • Wéi vill ukrainesch Kanner besichen hei zu Lëtzebuerg eng Schoul a wéi ass et ëm hiren Erfolleg gestallt?
  • Ass geplangt, d’Recht op temporär Protektioun, dat aktuell bis Mäerz 2026 verlängert gouf, duerch eng aner Openthaltsform ze ersetzen, z.B. am Kader vun enger Integratiounsstrategie fir Persounen, déi laangfristeg hei liewe wëllen?
  • Plangt d’Regierung eng Etude oder e Bilan, fir d’Erfarungen, déi an de leschten 3 Joer am Zesummenhang mam Statut vum „Bénéficiaire de la protection temporaire“ gemaach goufen, z‘analyséieren?

Här President, ech bieden Äech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Nathalie MORGENTHALER

Deputéiert

Zréck