Här President,
Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zur Situatioun vun de syreschen Drusen un den Här Ausseminister weider ze leeden.
De 26. Juli, hunn sech Memberen aus der drusescher Communautéit zu Lëtzebuerg virum Staatsministère zesummefonnt, fir an engem friddleche Protest op déi aktuell Entwécklungen a Südsyrien, virun allem an der Regioun Suwaida, opmierksam ze maachen. D’Protestaktioun huet sech géint déi eskaléierend Gewalt a Syrien geriicht, bei där – laut internationalen Organisatiounen a Medien – Honnerte vu Mënschen ëm d’Liewe koumen, dorënner vill aus der drusescher Minoritéit. Verschidden Enquêtë schwätzen och vu Bedeelegung vu syresche Regierungstruppen un dëse Gewaltakten. Déi drusesch Diaspora zu Lëtzebuerg fuerdert dofir mat Nodrock, datt d’international Gemeinschaft – dorënner och Lëtzebuerg an d’EU – kloer Positioun hëlt, an sech fir de Schutz vun der betraffener Zivilbevëlkerung an eng nohalteg politesch Léisung an der Regioun Suwaida asetzt.
An dësem Kontext géif ech gäre follgend Froen un den Här Ausseminister stellen:
· Wéi schätzt d’Regierung déi aktuell Situatioun an der syrescher Regioun Suwaida an, besonnesch am Zesummenhang mat der drusescher Minoritéit?
· Ass der Regierung déi rezent Protestaktioun virum Staatsministère bekannt, a gouf et Kontakter mat Vertrieder vun der drusescher Communautéit zu Lëtzebuerg?
· Gesäit d’Regierung Méiglechkeeten, sech op europäeschem Niveau fir eng kloer Positioun zur Situatioun vun der drusescher Minoritéit a Syrien anzesetzen?
· Huet Lëtzebuerg bis elo diplomatesch Schrëtt ënnerholl oder Initiativen am Kader vun der EU, dem Europarot oder de Vereenten Natiounen ënnerstëtzt, fir d’Lag an d’Suwaida-Regioun unzeschwätzen?
· Gesäit d’Regierung aktuell oder zukünfteg Méiglechkeeten, besonnesch vulnerabel Persounen aus der drusescher Minoritéit iwwer zousätzlech Opnam- oder Schutzprogrammer an d’Land ze huelen?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Laurent Mosar
Deputéierten