
Eng besser Integratioun vun de Refugiéen iwwer hir berufflech Aglidderung an den Aarbechtsmaart, dat war de Sujet, den de Fraktiounspräsident Marc Spautz an d’Deputéiert Nathalie Morgenthaler mat Vertrieder vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot diskutéiert hunn. Well: Ëmsou méi séier sie berufflech aktiv ginn, ëmsou méi séier verbesseren sech hir Perspektiven, fir aus der staatlecher Hëllef erauszekommen.
Et war een sech eens: Villes ass scho sur place a funktionéiert gutt. Dat gëllt et ze koordinéieren an ofzestëmmen.