
D’Kris am Bau war de Haaptsujet vun der Entrevue, déi de Fraktiounspräsident Marc Spautz an d’Deputéiert Alex Donnersbach, Octavie Modert a Laurent Mosar mat Vertrieder vun der Fédération des Artisans haten. Et goufe verschidde Mesuren a Pisten diskutéiert, wéi de Wunnengsmaart weider kéint belieft ginn. Den Austausch war konstruktiv an informativ – béid Säiten haten de Wonsch, sech reegelméisseg ze gesinn.