Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus, weider ze leeden.
Am Kader vun der Entwécklung vun erneierbaren Energië stousse Projet‘en am Beräich vun der Photovoltaik leider ëmmer méi dacks op logistesch oder technesch Limitatioune beim Uschloss un d’Stroumnetz. An deem Zesummenhang ginn d’Projeten op Waardelëschte gesat, well aktuell keng Injektiounskapazitéiten disponibel sinn.
An deem Kontext hu mir follgend Froen un de Minister:
- Wéi vill Projet’e mat wéi enger Gesamtleeschtung konnten an de leschte 5 Joer net realiséiert ginn? Kann de Minister dëst jee no Héich-, Mëttel- an Nidderspannung oplëschten.
- Wat sinn déi heefegst Ursaachen?
- Kann de Minister en zäitleche Plang nenne fir den Ausbau vun onse Netzinfrastrukturen virun ze dreiwe fir esou Limitatiounen an Zukunft ze evitéieren? Wéi ginn hei Héich-, Mëttel- an Nidderspannungsnetzer prioriséiert?
Här President, mir bieden Iech, onsen déifste Respekt unzehuelen.
Stéphanie Weydert Jeff Boonen
Zréck