Här President,
Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës urgent parlamentaresch Fro un d’Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an un den Här Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus weider ze leeden.
Den 2. Juli ass zu St. Aldegund op der Musel ee Passagéierschëff an eng Schleis gerannt. Dëst Accident huet dozou gefouert, dass d’Schleis esou beschiedegt gouf, datt de Schëffsverkéier huet missen ënnerbrach ginn. Dësen Incident ass schonn deen zweete bannent e puer Méint, nodeems am Dezember läscht Joer d’Schleis zu Münden vun engem Schëff beschiedegt gouf, wat zu enger zwee Méint laanger Ënnerbriechung vum Schëffsverkéier op der Musel gefouert huet. Esou eng Ënnerbriechung huet Konsequenze fir eis Wirtschaft, well eng ganz Rei Wueren an och Ronn een Drëttel vun eisen Importer vu Carburants aus Däitschland iwwert den Hafe vu Mäertert erakommen.
Dowéinst hunn ech follgend Froen un d’Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an un den Här Minister fir Wirtschaft, PME, Energie an Tourismus:
- Goufen d’Ministeren vun den Däitschen Autoritéiten informéiert, wéi laang de Schëffsverkéier op der Musel wäert ënnerbrach ginn?
- Wéi séier kennen d’Importateuren op aner logistesch Moyenen ëmbauen?
- Wat bedeit dës Ënnerbriechung fir den Hafen vu Mäertert?
- Gouf de wirtschaftlechen Ausfall vun der Ennerbriechung vum Schëffsverkéier duerch den Incident zu Münden chiffréiert?
- Ginn et Noutfallpläng, falls esou een Incident op enger Schleis zu Lëtzebuerg géif geschéien, fir dës esou séier ewéi méiglech ze reparéieren?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Stéphanie Weydert
Deputéiert
Zréck