Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil weiderzeleeden.
De 7. Januar 2022 gouf an der Chamber d’Gesetz fir eenheetlech Krittäre fir een handicapgerechten Accès zu ëffentleche Gebaier, ëffentleche Plazen a Stroossen gestëmmt. D’Zil vun dësem Gesetz ass et, d’Accessibilitéit an d’Mobilitéit vun all Bierger ze garantéieren, besonnesch vu Persoune mat enger Behënnerung, fir datt si sech autonom, sécher a komfortabel am ëffentleche Raum beweege kënnen. D’Reegele gëlle fir nei Konstruktiounen, mee och fir Modifikatiounen a Moderniséierunge vu bestoenden Infrastrukturen. An dësem Kontext spillt och de « Vadémécum à l’usage des architectes et ingénieurs-conseils pour la mise en accessibilité des lieux ouverts au public et des voies publiques », vum Oktober 2022 vum Ministère de la Famille, de l’Intégration et à la Grande Région, eng wichteg Roll, well e konkret Richtlinne fir d’Ëmsetzung vun der Accessibilitéit definéiert.
Niewent der Accessibilitéit vun de Gebaier, kënnt dem ëffentleche Raum eng besonnesch Bedeitung zou. Besonnesch fir Léit mat enger visueller Aschränkung ass d’Beweegung an urbanen Zonen ouni oder mat wéineg Verkéier vu grousser Wichtegkeet.
An deem Kontext wéilt ech follgend Froe betreffend de Zones de rencontre, de Foussgängerzonen an den ëffentleche Plazen un den Här Minister stellen:
- Geet et an enger Zone de rencontre, wou keng Trottoiren existéieren an de Stroosseraum vu jidderengem gedeelt gëtt, duer, wann d’Adaptatioune vun de Marquage fir Persoune mat enger visueller Behënnerung op de Kräizungen, a bei den Zougäng an dëser Zone gemaach ginn – oder musse keng taktil Placken agebaut ginn?
- Wéi eng konkret Reegele gëllen am Beräich vun den taktilen Placke fir eng Foussgängerzon a fir ëffentlech Plazen?
- Bis wéini hunn d’Gemengen nach Zäit, fir hir ëffentlech Strosseräim no de Reegele vum Gesetz unzepassen?
- Ween ass en Charge vun de Kontrolle vun de baulechen Upassungen am ëffentlechen an am private Beräich ?
- Gesäit de Minister nach eng Informatiounscampagne fir all Bauträger fir?
Här President, ech bieden Iech, dës Froen mat mengem déifste Respekt unzehuelen.
Jean-Paul Schaaf
Deputéierten
Zréck