Ass de geféierleche Borna-Virus schonn zu Lëtzebuerg nogewise ginn a wa jo, wéi ass d’Regierung dorop virbereet?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Landwirtschaftsministesch an un d’Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden.

An Däitschland hunn sech rezent zwee Männer mam seltenen, awer extrem geféierleche Borna-Virus (BoDV-1) infizéiert. Een huet d’Infektioun leider net iwwerlieft, deen anere gëtt intensivmedezinesch versuergt. Laut dem Friederich-Loeffler-Institut sinn 90 Prozent vun de Borna-Infektioune beim Mënsch déidlech. De Virus gëtt haaptsächlech duerch d’Feldspëtzmaus iwwerdroen. Fir aner Mamendéieren a fir de Mënsch ass de Virus eng grouss Gefor, well en ë.a. eng déidlech Gehierinfektioun ausléise kann. Kaze kënnen e beispillsweis indirekt op de Mënsch iwwerdroen. An dësem Kontext géif ech gäre follgend Froen un d’Madamm Landwirtschaftsministesch an un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:

 

  • Ass de Borna-Virus hei zu Lëtzebuerg schonn nogewise ginn?
    • Wa jo, wat fir Déiere waren infizéiert?
  • Huet sech zu Lëtzebuerg schonn e Mënsch mam Borna-Virus infizéiert?
    • Wa jo, konnt déi Persoun gerett ginn oder ass se un de Suite vun der Infektioun gestuerwen?
  • Wat gedenkt d’Regierung ze maachen, wann sech de Borna-Virus an Däitschland weider ausbreet an och op Lëtzebuerg kënnt?
  • Wéi kann een sech beschtméiglech schützen a wat kann ee maachen, wann een doudeg Feldspëtzmais doheem fënnt?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Stéphanie Weydert,

Deputéiert

Zréck