Naturschutz a Landwirtschaft: Wie mécht bei de Biodiversitéitsprogrammer mat?

Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Landwirtschaftsministesch weiderzeleeden.

D’Biodiversitéitsprogrammer sinn e wichtegt Instrument am Kader vun der Ëmsetzung vun de Naturschutzziler hei am Land. D’Zil vun engem intégréierten Naturschutz muss et sinn, d‘landwirtschaftlech Produktioun ze erhaalen an d‘Biodiversitéit ze schützen. Allerdéngs schreift de « Règlement grand-ducal du 24 juillet 2024 relatif aux aides en faveur de la sauvegarde de la biodiversité » net vir, datt d’Aiden un de Statut vum aktive Bauer gebonne sinn, deen am Agrargesetz vun 2023 verankert ass. Als aktive Bauer gëllt, eng Persoun, déi e.a. eng landwirtschaftlech Aktivitéit ausüübt, eng landwirtschaftlech Ausbildung huet, als onofhängege Bauer bei der CCSS gemellt ass an déi manner wéi 72 Joer huet.
An dem Zesummenhang wollte mir follgend Froen un d’Madamm Landwirtschaftsministesch stellen.
Wéi vill Betriber maache bei de Biodiversitéitsprogrammer insgesamt mat?
Wéi vill aktiv Bauere respektiv wéi vill net-aktiv Bauere maache mat?
Wéi vill Hektar, déi ënnert dem Regime vun de Biodiversitéitsprogrammer ënnerleien, gi vun aktive Baueren, respektiv vun net-aktiv Bauere bewirtschaftet?
Wann Kontrakter mat net-aktive Bauere gemaach ginn, wien sinn d’Beneficiairen?
Wéi vill Prozent vun der landwirtschaftlecher Notzfläch ënnerleien dem Regime vun de Biodiversitéitsprogrammer?
Wéi vill Prozent vun den ausbezuelte Primme ginn un aktiv Bauere respektiv un net-aktiv Baueren ausbezuelt?
Wéi gesäit d’Altersopdeelung vun de Beneficiairen aus?
Wéi ass d’Evolutioun vun de Flächen ënnert de Biodiversitéits-Programmer?
Huet sech an de leschte Méint/Joeren eng Verännerung gewisen?
Kënne déi gesaaten Ziler ereecht gin?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Stéphanie Weydert Jeff Boonen Octavie Modert
Deputéiert Deputéierten Deputéiert

Zréck