
D’Santé mentale ass e groussen Defi, wann et ëm d’Santé publique geet. Eng vun den erfuerensten Institutiounen an dësem Beräich ass d’Ligue Luxembourgeoise d’Hygiène Mentale. An engem konstruktive Gespréich huet den Deputéierte Ricardo Marques sech e Bild vun den Aktivitéite gemaach. Ënnert anerem d’Präventioun vu Suiziden an den Accès zu Hëllefsofferen ware Sujeten, déi diskutéiert goufen.




