Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Äech dës parlamentaresch
Fro un d’Madamm Justizministesch weiderzeleeden.
D’Sécherheet an d’Wuel vun eise Kanner a Jugendlecher an der Gesellschaft sinn am Mëtelpunkt vun
der Verantwortung vun de staatlechen an zivilgesellschaftlechen Acteur·rice vun eiser Demokratie.
Déi rezent Affär ëm d’Verurteelung vun enger Persoun, déi an diversen Associatiounen am
Kulturberäich engagéiert wuar, huet d’ëffentlech Meenung iwwer déi potenziell Schwächten a
Kontrollmechanismen alarméiert, déi an Organisatioune bestinn, déi mat Mannerjäregen a Kontakt
kommen.
Organisatiounen aus dem Beräich vum Sport, der Kultur, der Fräizäitgestaltung a sozialen Déngschter
hunn eng speziell Verantwortung fir eng sécher Ëmwelt fir Kanner a Jugendlecher ze garantéieren. Et
däerf net geschéien, dass Persounen, déi Gewalt, besonnesch haislech Gewalt oder sexualiséiert
Delikter géint Mannerjäreger uwenden, an Entscheedungs- oder Verantwortungsposte kommen, an
domat direkten oder indirekten Afloss op d’Liewensrealitéite vu Kanner a Jugendlecher hunn.
An deem Kontext géif ech gäre follgend Froen un d’Madamm Justizministesch stellen:
• Wéi vill Fäll vu presuméierter sexueller Gewalt géint Mannerjäreger goufen an de leschten zéng
Joer zu Lëtzebuerg ouni weider juristesch Suite klasséiert? Wat wuaren d‘Haaptgrënn fir dës
Entscheedungen?
• Wat geschit an deem uewegenannte Fall mat der Mamm vum Kand? Gët déi och nach
belaangt a verurteelt?
• Wéi gesäit d’Roll vum SCAS an esou Affären aus? Wéi ass d’Personal forméiert fir
standardiséiert Tester duerchzeféiere fir de Risiko fir Mannerjäreger richteg kënnen
anzeschätzen?
• Wéi vill obligatoresch (Wieder)Bildungsstonne kréien d’Magistraten a Procureuren a Bezuch op
Pedokrimineller, hir Virgoensweis an den Impakt op d’Affer?
• Sinn déi aktuell Kontroll- a Sécherheetsprozedure ronderëm de Recrutement vu Leit a
Verwaltungsréit, déi mat Mannerjäregen ze dinn hunn, nach adequat oder mussen se eventuell
verschäerft ginn?
• Ass virgesinn, dass all Organisatioun, déi mat Kanner oder Jugendleche schaffe, e
Kannerschutzkonzept muss aféieren?
Här President, ech bieden Äech dës Froen, mat mengem déifste Respekt unzehuelen.
Nathalie Morgenthaler
Deputéiert