Wéi eng Moossname ginn aktuell vum Educatiounsminister geholl, fir Gewalt tëscht Schüler entgéintzewierken a Schüler wéi och Léierpersonal z‘ënnerstëtzen ?

Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizministesch an den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.
An de leschte Joren ass d’Thematik vun der Gewalt tëscht Jugendlechen ëmmer méi präsent ginn – sief et bannent dem Schoulmilieu oder vun der Schoul. Rezent Fäll, déi iwwer d’Medien oder sozial Netzwierker un d’Ëffentlechkeet komm sinn, ënnersträichen, datt et sech heibäi ëm eng Entwécklung handelt, déi net nëmmen eenzel Fäll betrëfft, mee déi potenziell e méi breede gesellschaftlechen Trend duerstellt.
D’Phänomen vun der Gewalt kann dobäi verschidde Formen unhuelen: vu physeschen Ausernanersetzungen iwwert verbal Gewalt a Mobbing bis hin zu Cybermobbing an emotionaler Manipulatioun. Déi betraffe Jonker si gläichermoossen Affer wéi och potenziell Täter an enger sensibeler Phase vun hirer Entwécklung, an dofir ass et essenziell, datt d’Schoul an d’Gesellschaft generell mat enger differenzéierter, präventiver an empathescher Approche reagéieren.
An dësem Kontext gewënnt och d’Fro no enger effikasser Sensibiliséierung vu jonke Mënschen u Bedeitung. A Groussbritannien huet de Sir Keir Starmer rezent de Virschlag gemaach, d’Netflix-Serie “Adolescence”, déi sech op realistesch a pedagogesch Weis mam Liewensalldag vu Jugendlechen an domat verbonnene soziale Problemer a Gewaltfäll befaasst, als educatiivt Tool an de Schoulunterrecht anzebannen. Sou eng Approche kéint och zu Lëtzebuerg eng Optioun sinn, fir Schüler méi no un hirer eegener Realitéit ze sensibiliséieren a Forme vu Gewalt besser ze erkennen an ze verstoen.
An deem Kontext wéillten mir follgend Froen un d’Madamm Justizministesch an den Här Educatiounsminister stellen:
Ginn et rezent statistesch Donnéeën oder Etüden zu Gewaltfäll tëscht Jugendleche bannent an ausserhalb vun der Schoul zu Lëtzebuerg? Wann jo, wéi hunn sech dës Zuelen an de leschte fënnef Joer entwéckelt?
Wéi eng Moossname ginn aktuell vum Educatiounsminister geholl, fir Gewalt tëscht Schüler präventiv entgéintzewierken a Schüler wéi och Léierpersonal z‘ënnerstëtzen?
Kéint den Educatiounsminister sech virstellen, edukativ Serien oder Filmer – wéi déi brittesch Serie “Adolescence” – als pedagogescht Mëttel an de Schoulunterrecht anzebannen, fir Themen ewéi Gewalt a Gruppendrock mat de Schüler op eng realistesch Aart a Weis opzeschaffen?
Här President, mir bieden Iech dës Froen, mat onsem déifste Respekt unzehuelen.

Laurent Mosar Ricardo Marques
Députéierten Députéierten

Zréck