LSAP verharmlost seriö Kriticke vu Budgetskontrollkommissioun

Waren et wierklech just “handwierklech Feeler”, wéi de Franz Fayot vun der LSAP seet, déi bei den Ausschreiwunge vun de “Large Scale Tester” geschitt sinn ?
Mir mengen net.
Oder ass et just een handwierkleche Feeler, wann den Optrag an der éischter Phas emol einfach un ee bestëmmte Labo gaangen ass, ouni déi aner Laboen ze berücksichtigen ?
Oder ass et just een handwierkleche Feeler, wann ee Labo “Fixkäschte” bezuelt kritt an et awer absolut keng Detailer zu deene Käschte ginn ?
Ass et just een handwierkleche Feeler, wann et keng Kontroll vun den Dépensen an allgemeng keng Prozedure ginn fir d’Kontroll vun de Käschten ?
Der Cours de comptes no ginn et gravéierend Problemer am Dossier “large scale testing” , fir den Här Fayot just handwierklech Feeler.
Mir mengen éischter, dass hei net den Handwierker mä de Meeschter, an dësem Fall déi fréier Gesondheetsministesch, sech net un d’Reegele gehal huet, an elo soll hei gemaach ginn, wéi wann alles nëmmen hallef esou schlëmm wier.
D’CSV huet genee dat do, also d’Virgoe bei der Ausschreiwung vun de Large Scale Tester wärend der Covid Pandemie, kritiséiert. Deemols war alles kee Problem an elo wou sech eraus stellt, dass mir Recht hate, gëtt de Problem verharmlost oder am léifsten ënnert den Teppich gekiert.
Den Här Fayot huet warscheinlech bei sengen Aussoen och vergiess, dass hien de President ass vun der Budgetkontrollkommissioun. Déi Kommissioun soll kontrolléiere a wann eppes schif leeft reagéieren an net banaliséieren. Dat gëlt och a virun allem fir hire President, deen eigentlech misst neutral sinn.

De ganze Pressecommuniqué vun der CSV-Fraktioun kënnt der hei noliesen :

LST