Wéi ass de Bilan vum fixe Radar um CR 181 am Agang vu Bärel ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an un den Här Inneminister weiderzeleeden.

Am Juni 2023 gouf ee fixe Radar um CR 181 am Agang vu Bärel installéiert, deen de 16. August 2023 an déi repressiv Phase gaang ass.

Zu dësem Thema wéilt ech der Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an dem Här Inneminister follgend Froe stellen:

Wéi vill Autoen goufen geblëtzt säit de Radar do installéiert gouf ?
Wéi vill Suen sinn duerch dee Radar bis elo u Geldstrofen erfall? A wéi héich war den Duerchschnëttprotokoll?
Wat war d’Duerchschnëttsvitesse a wat war déi héichste Vitesse, déi do gemooss gouf?
Dëst war den éischte Radar am Agang vun enger Uertschaft an enger 50km/h Zone. Wat fir Conclusiounen zitt d’Regierung aus dësem Typ vu Radar?
Plangt d’Regierung nach weider Radare bannent den Uertschaften, zousätzlech zu deene bestoenden zu Bärel a Sëll?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Alex Donnersbach

Deputéierten

Zréck