D’CSV-Fraktioun tauscht sech mat der Fédération des Artisans aus

Déi aktuell Sujete vun enger Moderniséierung vum Aarbechtsrecht – Kollektivvertragsrecht, Ouvertureszäiten,Sonndesaarbecht -, mais och de Statutt vum Independant an den Absenteismus goufe bei enger Entrevue mat der Fédération des Artisans (FDA) konstruktiv diskutéiert.

D’Deputéiert ronderëm de Fraktiounspräsident Marc Spautz – Laurent Mosar, Octavie Modert, Stéphanie Weydert, Diane Adehm, Nathalie Morgenthaler, Françoise Kemp, Charel Weiler a Ricardo Marques – ware sech eens, dass am Kollektivvertragswiesen de Besoin do ass, fir Accorden ze erliichteren.